Félix Braz au sujet du droit de la famille

"D’Nodeeler vum aktuelle System si ganz evident"

Interview vum Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg):

A mam Minister schwätze mir elo iwwert seng Pläng wat d’Familljerecht ugeet. Félix Braz, gudde Moien.

Félix Braz: Gudde Moien, Här Theis.

Max Theis: Här Braz, Dir hutt déi Pläng déi lescht Woch an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. Et ginn 3 grouss Chantieren. D’Scheedungsrecht, d’Responsabilité parentale an d’Justiz wat Familljenaffären ugeet. Äre Plang ass eng Reform aus engem Goss ze maachen?

Félix Braz: D’Iddi ass déi Projeten déi zesumme gehéieren och no Méiglechkeet zesumme behandelen. Dat si wuel ënnerschiddlech Projeten. D’Filiatioun, d’Autorité parentale, den Divorce, d’Schafe vun engem Juge aux affaires familiales. Mä besonnesch um leschtgenannte Projet vum Juge aux affaires familiales hänken anerer mat drun. Duerfir sinn ech der Meenung wann ee wëll eng gutt an och rapide legislativ Aarbecht maachen, wou mir duerno net un den Detailer scheiteren, wou mir net mussen zréck kommen op d’Décisioun déi mir scho geholl hunn, dann ass et besser déi Projeten effektiv méi oder wéineger parallel ze diskutéieren fir datt mir dann och een Ofschloss fir all Projet gläichzäiteg kënnen hunn, een Akrafttrieden wat gläichzäiteg ass vun deene Projeten, well mir dann och op all de Punkte Sécherheet hunn an och op all de Punkte wëssen, datt déi Reform direkt ka gräifen an net nach muss nogebessert ginn.

Max Theis: Wat sou ee Familljegeriicht ugeet, wou gesidd Dir dann d’Virdeeler, respektiv wou sinn d’Nodeeler vum aktuelle System?

Félix Braz: Ben, d’Nodeeler vum aktuelle System si ganz evident. Deemno wat haut bei Iech an der Famill usteet, ob et ëm e Wiessel geet vum Régime matrimonial, ob urgent Mesurë mussen ergraff ginn am Kader vun enger Scheedung, ob et Froe sinn ronderëm d’Autorité parentale, den Droit de visite während der Scheedung oder no der Scheedung, ob et ëm Contribution alimentaire geet, do musst Dir op eng Rei ënnerschiddlech Plaze goen. Dat ka mol de Référé sinn, dat kann de Jugendriichter sinn, dat kann de Juge des tutelles sinn, dat kann de Friddensriichter sinn. Dat ass fir déi allermeeschte Leit eppes wat net ze duerchkucken ass an et ass virun allem eppes wat Zäit an Usproch huelt, déi successiv Prozeduren déi ee muss entaméieren. An d’Iddi hannert dem Aféiere vun engem Juge aux affaires familiales ass, déi dote Kompetenzen no Méiglechkeet all ze bündelen fir d’Visibilitéit, d’Verständlechkeet awer och d’Efficacitéit vun der Justiz an dëser Matière ze verbesseren. An ech mengen dass et wierklech eng Matière ass wou keng Zäit dierf verluer goen. Dat ass wuel wouer fir all d’Matièren, mä ech mengen datt et ganz speziell wouer ass fir d’Familljerecht besonnesch wann d’Kanner am Mëttelpunkt stinn vun deenen Affären an dat ass jo ganz oft, fir net ze soen meeschtens de Fall. Da muss een sech sou organiséieren, datt ee sou richteg a sou gutt wéi méiglech schafft awer och sou séier wéi méiglech. Dat ass haut net ëmmer méiglech an duerfir wëlle mir déi dote grouss Reform maachen déi iwweregens eis Nopeschlänner och scho gemaach hunn. A Frankräich scho virun iwwer 20 Joer wou se e Juge aux affaires familiales agefouert hunn a rezent lo an der Belsch déi en Tribunal de la famille agefouert hunn wat a Kraaft getrueden ass den 1. September vun dësem Joer, eng ganz grouss Reform déi an enger Kéier duerchgesat ginn ass. D’Fransousen déi hunn sech do anescht ugeluecht, déi hunn dat opgebaut iwwer länger Zäit an et ass och méi un deem franséische Modell wou mir eis hei wëllen inspiréieren.

Max Theis: Et ass jo och eppes wat vu ville Säite scho gefuerdert gouf.

Félix Braz: Et ass eng Saach déi scho laang vu villen an zu Recht gefuerdert gëtt.

Max Theis: Wat d’Scheedungsrecht ugeet, respektiv d’Responsabilité parentale, vläicht a kuerze Wierder wou ginn dann déi 2, dat si jo nei Richtunge wou ee wëll higoen, och eng Vereinfachung vun de Saachen, wou geet dat hin?

Félix Braz: Also beim Scheedungsrecht geet et drëms Prozeduren ze pazifiéieren, doduerch datt mir den Divorce pour faute am Prinzip ofschafen. Et gëtt also an Zukunft nach 2 Causë vum Divorce, dat eent ass den Zerrüttungsprinzip an dat anert ass de Consentement mutuel. Ganz gëtt d’Faute awer net ofgeschaf, si soll bestoe bleiwen fir besonnesch grave Fäll, an do menge mir haaptsächlech Violence conjuguale. Déi sollen als Faute bestoe bleiwen. Bei der Autorité parentale do geet et ganz kloer drëms dat wat d’Geriichter scho laang a glécklecherweis och spriechen, nämlech d’Autorité parentale conjointe endlech och an d’Gesetz anzeschreiwen. D’Kand steet am Mëttelpunkt an aus der Vue vum Kand ass et kloer, datt d’Kand e Recht huet op béid Elterendeeler. Ob se dann d’Kand si vun enger bestueter Koppel oder enger net bestueter Koppel. Ob se d’Kand si vun enger Koppel wou ee vun den Eltere Lëtzebuerger ass an deen aneren aus engem anere Land kënnt an och vläicht méi wäit ewech wunnt. Ob déi Eltere gutt mateneen eens ginn oder manner gutt mateneen eens ginn. D’Kand huet ëmmer d’Recht op béid Elterendeeler an duerfir soll och dee Prinzip vun der Coparentalitéit an d’Gesetz ageschriwwe ginn. Natierlech kann een dat Recht och verwierken als Elteren, mä den Intérêt vum Kand verlaangt, datt mir d’Coparentalitéit als den allgemenge Prinzip endlech och an d’Gesetz aschreiwen. Dat ass eng ganz grouss Reform déi mir och duerfir wëlle séier viru bréngen.

Max Theis: Dat ass eng Reform déi och a groussen Deeler scho preparéier ass an deem Sënn. Elo gëtt et Kritik, datt et net séier genuch geet. Zum Beispill vun der CSV. “Eltere getrennt” hu sech och zu Wuert gemellt. Do géif zevill Zäit elo verluer goen well een dat aus engem Goss da wëllt maachen. Wat sot Dir dann dozou?

Félix Braz: Also ech verstinn all déi deenen et hei net séier genuch geet. Och bei der CSV. Ech weess, datt de Kolleg Laurent Mosar scho méi laang op dësem Dossier schafft an datt en och hei ganz éierlech engagéiert ass. Ech hunn allerdéngs Schwieregkeeten domat de Reproche vun CSV-Säit unzehuelen. Ech maachen ongären als Minister Parteipolitik, mä heiansdo gëtt een awer sou wäit eraus gefuerdert, datt een awer e bësse muss dierfen drop äntwerten. An deem heite Fall ass d’Legislatioun scho ganz laang iwwerfälleg. Hei gi mir zréck zum Deel op Arrêten vun der Cour constitutionnelle vun 1999. De Projet vum Divorce ass vun 2003. De Projet vun der Autorité parentale ass vun 2008. Dat ass also bis zu 15 Joer ënnerwee. An et hat eng Partei déi lescht 15 Joer dëse Ressort. Wann déi mir haut virwäerfen, datt mir elo wëllen puer Méint, puer Méint just nach waarde fir eng anstänneg legislativ Aarbecht ze maachen nodeems se 15 Joer laang dat heiten net konnten zu engem Ofschloss bréngen, den Divorce zanter 11 Joer, da muss ech soen, déi Kritik ass vläicht net ganz zoutreffend, net ganz fair an ech weisen déi och duerfir zréck. Gläichzäiteg engagéieren ech mech, an dat hunn ech och scho gemaach bei “Eltere getrennt”, déi ech komplett verstinn, datt se wëllen an dëser Matière viru kommen, datt mir hei wäerten am Ministère de Maximum maachen, fir datt mir déi Projeten hei effektiv am éischten hallef Joer vu 15 alleguerten um Dësch hunn, datt mir dann duerch d’Chamber méi séier kënne kommen, well mir gutt Projeten hunn déi gutt openeen ofgestëmmt sinn an do huele mir déi Zäit dann och nees eran. Ech mengen also, datt ënnert dem Stréch keng verlueren Zäit ass wa mir déi kohärent Démarche elo iwwerhuelen déi ech envisagéieren.

Max Theis: Den Droit de filiation dee wëllt Dir an engem separate Gesetzprojet reforméieren. Do hänke jo eng ganz Partie Froen drun. Dat ass e komplizéiert Projet.

Félix Braz: De Projet vun der Filiatioun, dat ass am Fong een deen net un deem Projet vum Juge aux affaires familiales drunhänkt. Dee ka separat an der Chamber weider goen. Deen ass och komplett aviséiert, ausser een Avis. Dee vum Staatsrot deen nach feelt. Näischt verhënnert awer, datt déi zoustänneg Chamberkommissioun mat der Diskussioun vun de Projeten do ufänkt. Do si jo och eng Rei prinzipiell Elementer an deem Projet mat dran, wéi d’PMA, d’Procréation médicalement assistée, wéi d’GPA, d’Gestation pour autrui, déi duerch dëse Projet soll verbuede ginn. An och wann deen Avis vum Staatsrot nach aussteet, d’Kommissioun ka sech duerchaus mat deem Projet befaassen, well dee kann elo schonn diskutéiert ginn. Deen hänkt net um Projet vum Juge aux affaires familiales. Duerfir mengen ech, datt och do net zevill Zäit muss verluer goen. Do geet et jo am wesentlechen drëms, datt mir den Ënnerscheed och endlech ofschafen tëschent Filiation légitime a Filiation naturelle. An Zukunft soll et just nach eng Form vu Filiatioun ginn. Et gëtt Kanner an déi Kanner hunn Elteren, ënnert wéi engen Ëmstänn, datt déi Kanner entstan sinn soll an Zukunft net méi relevant sinn. An dorunner däerf roueg weider diskutéiert ginn. Do brauch net ofgewaart ze ginn.

Max Theis: Här Braz, wa mir Iech schonn hei hunn. Muer gëtt de Spuerpak vun der Regierung presentéiert. Et ass wuel iwwerflësseg ze froe wat dann do alles muer nach kënnt. Mä wéi géift Dir d’Ambiance beschreiwen an där dee Pak ficeléiert gouf?

Félix Braz: Also, an der Regierung an engem extrem konstruktive Geescht, sou wéi dës Regierung zanter datt se do ass schafft. Ech hunn d’Gefill, datt mir ganz produktiv geschafft hunn. Do stécht immens vill Detailaarbecht dran. Notamment an deem Budget de nouvelle génération deen de Pierre Gramegna dann e Mëttwoch, d’Resultat dovun wäert e Mëttwoch presentéieren. Ech mengen datt déi Virschléi déi d’Regierung elo mécht, déi sinn elo prett. Déi kënnen och elo ëffentlech gemaach ginn an da kann am Detail iwwert dat diskutéiert ginn wat Saach ass an net iwwert dat wat verschiddener als Spekulatiounen an d’Welt setzen.

Max Theis: Da kucke mir muer wat alles dra steet. Félix Braz, Merci datt Dir de Moien hei waart.

Félix Braz: Merci och.

 

Dernière mise à jour