COVID-19: Säll fir d'Feierlechkeete vun Hochzäiten an d’Schléissung vun enger Partnerschaft

De Regierungsrot huet de 4 Mee 2020 eng Ausnamereegelung am Artikel 75 vum Code civil ugeholl, déi et de Standesbeamten vun elo un erlaabt, Hochzäiten net nëmmen an der Gemeng, mee och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, ofzehalen. ​ D’Schléissung vun enger Partnerschaft (PACS) kann och an dëse Gebaier stattfannen.

Opgrond vun de vun der Regierung wärend dem Krisenzoustand COVID-19 imposéierten Ofstandsmoossnamen, stellt d'Organisatioun vun Hochzäitszeremonien a PACS-Schléissunge, mat enger maximaler Unzuel vun 20 Persounen, an der Gemeng fir eng Rei vu Gemengen ee Problem duer, well déi disponibel Reim net grouss genuch sinn.

Aus dësem Grond hunn d'Justizministesch Sam Tanson an d'Inneministesch Taina Bofferding virgeschloen, Hochzäiten a PACS-Schléissungen net nëmmen an der Gemeng, mee zäitweileg och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, zouzeloossen. D'Gebaier gi vum Schäfferot bestëmmt. D'Decisioun erfuerdert den Accord vun der Inneministesch.

An dësem Zesummenhang gëtt dorun erënnert, datt de Koalitiounsvertrag d' Moderniséierung vun der Legislatioun a Bezuch zu den zivillen Zeremonië virgesäit. Dës Direktmoossnam kéint als Geleeënheet genotzt ginn, fir am Hibléck op dës Moderniséierung vum Feedback vun de Gemengen ze profitéieren.

 

Communiqué vum Inneministère a vum Justizministère

Aktualiséiert