François Biltgen, Discours à l'occasion du vote de la nouvelle loi relative à la lutte contre le blanchiment et le financement du terrorisme, Chambre des députés

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll emol fir d'éischt hei allen Intervenantë Merci soe fir déi Debatt déi mir haut haten, wat eng wichteg Debatt ass fir d'Zukunft vun eisem Land. Well d'Zukunft vun dësem Land steet och op dem Spill mat dëser Debatte.

Domat ass et net eriwwer. Verschiddener vun Iech hu gesot, datt hei net alles geléist ass, mä et ass awer e wichtege Schrëtt.

Ech muss och soen, et ass och fir mech en Element gewiescht wou mir feststellen, datt Lëtzebuerg nach ëmmer fonctionnéiert, datt, wann et wierklech drop ukënnt, datt mir zesumme stinn, datt mir dann zesumme stinn.

Ech soen Iech dat, well ech déi lescht Wochen net einfach Wochen hat, well, obwuel ech gesond sinn, awer physesch net gutt drop sinn. Dat wäert och nach eng Zäitchen esou weider goen, an all Dag erëm aner Saachen ofsoen, einfach fir mech kënnen op Dossieren ze konzentréieren.

Ee vun deenen Dossierë war dësen, an dann deet et engem gutt, wann een esou vill Energien op een Dossier consacréiert huet, net alleng, wierklech net alleng, och an der Regierung net alleng, an der Chamber net alleng.

Dem Jean-Louis Schiltz wëll ech besonnesch Merci soen, grad wéi dem Gilles Roth als Rapporter, an alle Leit an der Commission juridique fir déi gutt Debatten déi mir haten.

Dobausse gëtt ëmmer gesot, an ech sinn dat oft gewuer ginn, elo hues du jo gutt Zäit, well et ass jo elo Vakanz an der Politik. Hei hu mir dauernd an der esou genannter Vakanz getagt, et ass kee Member vun der Commission juridique deen net komm wär, do schléissen ech Majoritéit an Oppositioun mat an, an och dat ass emol e gutt Zeechen.

Hei souze mir bis Ufank August zesummen an duerno erëm Enn August, Ufanks September schonn erëm eng Kéier, fir ze versichen eppes ze maache wou natierlech, de Jean-Louis Schiltz hat e puer flott Formelen haut, mir kee Meeschterwierk, mä all zesummen eng Meeschterleeschtung gemaach hunn. Dat ass eppes, wann ee Minister ass, wat engem gutt deet, datt ee gesäit, datt, aneschters wéi vläicht am Ausland, et net nëmmen drop ukënnt wien deem aneren iergendwéi e Fouss stellt, mä ze soen, hei geet et ëm d'Zukunft vum Land an dann hale mir all zesummen.

Dofir emol nach eng Kéier hei Merci.

Et ass keng einfach Debatt well mir an där Debatt sinn – ech kommen nach eng Kéier op de Jean-Louis Schiltz zréck – iwwer den Ënnerscheed tëscht der Muecht vum Fakteschen an der Muecht vum Juristeschen.

Déi déi mech kenne wëssen, datt ech e Cravattëgeck sinn, an datt ech ëmmer versiche moies eng Cravatte unzedinn déi meng Stëmmung moies am meeschten erëmgëtt. Ech hunn haut eng Cravatte ugedoe vum schwaarze Schof. All déi aner sinn déi aner Länner vun der OCDE, an da kënnt d'schwaarzt Schof, dat ass Lëtzebuerg.

Et ass schonn e puer Mol zu Recht ugeklongen: gi mir aneschters beuerteelt wéi anerer? Jo an Neen.

Dee selwechten Dag wou dee GAFI-Rapport iwwer Lëtzebuerg erauskoum, koum och een iwwer Däitschland eraus, deen am Wuertlaut méi hefteg war wéi dee géint Lëtzebuerg. Just an de Conclusiounen, nämlech a wat fir ee Grupp mir herno koumen, ass Däitschland besser ewechkomm wéi Lëtzebuerg.

A mir sinn net dat eenzegt Land deem et esou gaangen ass. Éisterräich ass et d'selwecht gaangen. Mir hunn eis iwwregens hei mat Éisterräich och koordinéiert a mir sinn dee Wee gaangen deen Éisterräich och gaangen ass. Éisterräich ass och e klengt Land, Éisterräich ass och e Land mat Bankgeheimnis, och dat muss ee wëssen.

Frankräich steet och am Colimateur. Ob awer Frankräich herno an déi Prozedur kënnt wou mir elo solle kommen, dat weess ech net.

Mir sinn zanter der Wirtschaftskris an engem neie Szenario. Mir sinn erëm an der Muecht vum Fakteschen, mir sinn erëm zum Deel am 19. Joerhonnert zréck, wou déi grouss Muechte versichen och hir Interessien ze soen. Et geet och drëm hei, wie wou wat fir eng Bankeplaz herno an Zukunft huet. An ech soen dat bewosst, well ee vun deene ville Matcher déi ech gär mat ville vun Iech heibanne geschloen hunn, war dee vum Referendum fir den Traité vu Lissabon, wou mir nëmme mat 56% gewonnen hunn, wou vill Leit gesot hunn, mir si géint déi Europäesch Verfassung, well eis Interessië si fort. Ma nëmme wa mir a juristeschen Ofkommesse si wéi d'EU, da kënne mir iwwerhaapt eis Interessië verdeedegen.

Ech weess nach, wéi d'Regierung erëmkomm ass vu Feira, wéi do gesot ginn ass, Dir hutt eis Interessië verroden. Ma Feira war extrem gutt fir Lëtzebuerg a Feira konnte mir nëmme kréien, well mir eng Unanimitéit haten, wou mir effektiv dee Kompromëss erausgeschloe kruten.

Dat zielt och an Zukunft. Wa mir an Europa sinn, dann hu mir eng Stëmm. Wann e G20 zesummekënnt, oder wat och ëmmer, dann hu mir keng Stëmm.

An de GAFI, ass oft och an den Avisë gesot ginn, den Ordre des avocats déi soen zu Recht, de GAFI ass en informellt Organ. Dat ass richteg, mä dat wat dat informellt Organ GAFI seet, dat ass méi wichteg wéi dat wat verschidde formell Organer soen, an dat ass déi ganz Gefor an där mir elo dra waren. Wann d'nächst Woch de GAFI géif soe gro Lëscht, dann hätte mir e risege Problem. An da géife mir net méi vu Bipartiten an esou weider schwätzen a vu Spuerprogrammer, mä da géife mir eis emol serieux Gedanke maachen, wéi fréier de René Mart dat gesot huet, ob mir spéider erëm eng Kéier mat der Geess ginn.

Dofir soen ech, ass dat heiten extrem wichteg a mir mussen eis bewosst sinn, datt mir e klengt Land sinn a bewosst sinn, datt net jiddweree frou ass, datt et eis gutt geet. A mir mussen eis och bewosst sinn, datt, wann et eis gutt geet, dat net alleng eppes mat eis ze dinn huet.

De Lucien Thiel, hunn ech am Tageblatt gelies, huet eng grouss Konferenz ginn iwwer d'Chance vu Lëtzebuerg. An den Alex Bodry, de Budgetsrapporter huet d'selwecht gesot, mir liewe vun der Bankeplaz. Alles wat mir dobausse liesen iwwer wéi et der Wirtschaft zu Lëtzebuerg geet, dat ass alles schéin a gutt, mä de Staatsbudget lieft virun allem vun der Bankeplaz, dat muss ee sech einfach bewosst sinn. Wann d'Bankeplaz erofgeet, dann hu mir e Problem, dann ass all de Rescht wat mir eis vun Iwwerleeunge maachen einfach net richteg. Mir sinn ee vun deen wéinege Länner wou d'Bankeplaz esou eng grouss Roll spillt.

D'Iddi kann net sinn d'Bankeplaz lasszeginn, mä d'Iddi ass just, datt mir musse wëssen, datt mir vun der Bankeplaz massiv liewen. Dofir musse mir eben och kucken, datt mir déi Bankeplaz an Zukunft erhalen, an datt mir, an do sinn ech ganz frou, datt dat wierklech de Maître-mot war an dëser Debatt, an Zukunft proaktiv an ni méi defensiv virginn.

Mir hunn eis vill an dësem Land evertuéiert an ech hunn oft driwwer gegrinst, dat wat esou e gewëssene Senateur Marini vu Compiègne gesot huet – et ass net den Här Marini, dee Lëtzebuerg a Fro stellt mat senge Geschichtskenntnisser, mä et ass éischter wa mir et am GAFI schlecht maachen, wou d’Existenz vu Lëtzebuerg a Fro gestallt ass.

Mä den Här Marini huet awer zu Recht drop higewisen, datt Lëtzebuerg ëmmer erëm Chance hat a sengem ganze Liewen. 1867 war Compiègne, aneschters wéi den Här Marini gemengt huet, nëmmen ee klengen Element an där ganzer Debatt. Et ass de de Kinnek-Groussherzog Wëllem III gewiescht, dee wollt effektiv dem Napoleon III Lëtzebuerg verkafen an de Bismarck huet du mat deem Krich gedréit, deen herno komm ass, a Gott säi Dank goufe mir neutraliséiert, duerch d'Konferenz vu London, wou mir iwwregens Russland ganz vill ze verdanken haten. Dat war awer méi wichteg wéi Compiègne. An dunn ass d'Festung geschläift ginn.

Elo muss ee wëssen, datt 1867 d'Festungen, esou wéi mir se kannt hunn, eigentlech iwwerhaapt net méi zäitgeméiss waren. Dat war eng Chance fir Lëtzebuerg, well doduerch datt d'Festung geschläift gouf, konnte mir endlech emol Uschloss fannen un den Zuch a mir si méi grouss ginn. Sech an enger Festung ze verbarrikadéieren, dat war schonn 1867 net méi richteg.

An och dat muss een haut wëssen, an ech soen dat, well ech mech vill, an deenen 28 Joer wou ech Politik maachen, hu misse mat all deene Froen ausernaner setzen. Ech war, wéi ech nach jonken Deputéierten heibanne war, Rapporter vum éischten Entreaide judiciares-Gesetz, wat herno Äre President, de Laurent Mosar weidergefouert huet, wéi ech an d'Regierung koum. Mä ech weess awer nach ganz genee, wien alles bei mech gepilgert ass fir ze soen, esou mann wéi méiglech maachen, nëmmen dat wat néideg ass maachen.

Dat war dat Festungsdenken, fir ze soen, mir dierfen nëmmen net iergend e Steen aus der Festung erausfale loossen, soss si mir fort. An ech mengen, an dofir sinn ech frou iwwer déi Debatt haut, datt mir verstanen hunn, datt mir net defensiv Chancë behalen, mä nëmmen offensiv Chancë behalen, andeems mir ganz einfach soen:

Éischtens, mir hunn näischt ze verstoppen. Mir hunn näischt ze verstoppen, mir sinn och haut keng Bankeplaz déi schlecht ass.

Natierlech muss een da Leit, déi aus grousse Länner kommen, erkläre woufir mir eng Bankeplaz hunn, déi esou vill méi grouss ass wéi mir. Dat versti vill Leit net.

Do kommen och ganz vill falsch Reprochen un eis, déi iwwregens zum Deel am GAFI-Rapport selwer widderluecht ginn. De GAFI-Rapport seet zum Beispill, datt mir haut schonn an der Entraide judiciaire, déi mir jo elo nach ausbauen, zimlech gutt do stinn. Dat heescht, all Kéiers, wann am Ausland un eis eppes erugedroe gëtt, fir effektiv Wäisswäsche vum Geld ze bekämpfen, maache mir dat.

Well et dierf ee jo net vergiessen, datt mir natierlech eng kleng Bankeplaz sinn a mir dierfen net esou maachen, wéi wann net géif versicht ginn op der lëtzebuerger Bankeplaz, an iwwerhaapt zu Lëtzebuerg, Geld wäisszewäschen.

Mä déi primär Infraktioun geschitt net zu Lëtzebuerg, déi geschitt am Ausland. Dofir gi mir jo ëmmer Entraide judiciaire, a mir wäerten dat mat engem vun deenen dräi Gesetzer vun haut nach weider ausbauen.

Also, mir hunn eis näischt ze reprochéieren. Dofir musse mir einfach an Zukunft soen, datt mir wëllen do stoen, wéi de Shakespeare gesot huet vum Caesar senger Fra: au-dessus de tout soupçon.

An dofir musse mir hei dat maache wat mir wëlle maachen, nämlech net nëmmen eis op dat beschränke wat mir elo gezwonge sinn ze maachen, mä méi wäit goe wéi all déi aner. Mir mussen an Zukunft soen, datt mir, wat d’Wäisswäschen ubelaangt, net dans la queue du peloton sinn, mä à la tête du peloton. A wa mir dat fäerdeg bréngen, mengen ech, dann hu mir e grousse Match fir d’Zukunft gemaach. Well Verschiddener vun Iech hunn dat schonn heibanne gesot, eis Bankeplaz huet nei Atouten.

Ganz kloer ass, datt dat vläicht, wa mir elo dat Signal setzen, datt mir alles wëlle maachen, e klengen Impakt kann am Ufank op d’Bankeplaz hunn, mä à la longue huet et nëmmen e positiven Impakt.

An ech zitéieren dann och Leit, déi awer nostinn zur Bankeplaz. De Moien hunn ech de Reportage um halwer 8 op Radio Lëtzebuerg gelauschtert, wou den Här Charles Müller vun der ALFI interviewt gouf, dee genee dat gesot huet: mir kréien nëmme Leit op Lëtzebuerg wa kloer ass, datt mir net iergendwéi am Soupçon stinn.

Och den Här Contzen, iwwer deem seng Ausso wat den Index ubelaangt gëtt jo méi geschwat – ech weess awer och, datt deen eng Kéier am Background op RTL war, wou e just genee gesot huet, eis Zukunft ass an eisem Know-how, an deem wat mir gutt maachen, a mir wëllen net liewe vu schlechte Suen, mir musse gutt Suen op Lëtzebuerg kréien.

Och dat bedeit natierlech, datt mir elo net nëmmen dat hei maachen. Och dat bedeit, datt mir an Zukunft Weiche stellen, fir déi gutt Suen op Lëtzebuerg ze kréien. Och dat wäerten nach Diskussiounen heibanne ginn. Mä dat musse mir maachen.

A mir si gutt opgestallt. Mir hunn net vun ongeféier, an dat war och e Verdéngscht vum Här Lucien Thiel, deen heibanne sëtzt, d’Luxembourg School of Finance an d’Uni Lëtzebuerg integréiert, fir do nei Perspektiven ze developpéieren. Mir hunn Islamic Finance developpéiert, mir hunn ethesch Fongen developpéiert, mir hunn eng ganz Partie Saachen developpéiert.

Also nach Kéier, kommt mir ginn offensiv hei vir, a kommt mir soen, mir hunn näischt ze verstoppen, mir wëllen näischt verstoppen a mir setzen integral alles dat ëm, wat de GAFI vun eis verlaangt, och wa mir natierlech, wat d’Method a wat eng ganz Partie vun Argumenter vum GAFI ubelaangt, dem GAFI net Recht ginn. Mä mir hunn näischt ze verstoppen, mir ginn hei resolut no vir.

A wa mir dës 3 Gesetzer hei unhuelen, déi 3 gehéieren zesummen, da si mir, menger Ansiicht no, vir par rapport zu ganz villen anere Länner, wat d’Wäisswäsche vun de Sue betrëfft.

Elo ginn d’Gesetzer net alleng duer. Mir mussen eis och besser verkafen. Mir verkafen eis zum Beispill ganz schlecht wat d’Statistiken ubelaangt. Wann Dir d’Rapportë vum GAFI noliest, da läit villes an de Statistiken. Mir hätten net genuch d’DOSen. En DOS ass eng Déclaration d’opérations suspectes.

Dat ass och, well mir heiansdo déi Statistiken net verëffentlechen. Zum Beispill déi grouss Cabinets d’affaires, déi hu ganz vill DOSen déi si net hei maachen, mä déi déi grouss international Cabinetë bei sech an de Länner maachen, well dat wat zu Lëtzebuerg geschitt ass seelen nëmmen national, dat ass meeschtens international. Dofir solle mir och déi Statistike verëffentlechen, dat heescht, mir mussen eis an Zukunft vill besser dobausse verdeedegen.

Ech mengen, datt et wichteg ass, datt mir hei d’Signal ginn, der internationaler Gemeinschaft, datt mir näischt ze verbiergen hunn, datt mir iwwerhaapt keng Sue wëlle maachen, an och an der Vergaangenheet net gemaach hunn, an Zukunft net wëlle maachen, a wëllen och d’Apparence no bausse ginn, well déi hate mir net ëmmer, datt mir keng Geldwäscherei zu Lëtzebuerg wëllen, datt mir keng Terrorgelder zu Lëtzebuerg wëllen. An ech mengen, datt dat dann en Atout gëtt, net muer, ma iwwermuer, fir datt mir eis Bankeplaz weiderféieren.

Et muss een och wëssen, wann ech op de Secret bancaire kommen; de Secret bancaire ass jo net schlecht u sech, entgéint deem wat verschidde Leit mengen. An Amerika gëtt et kee Secret bancaire, mä d’Weltwirtschaftskris ass awer an Amerika ugefaangen ginn. Just fir dat emol ze soen. Mä d’Abusë vum Secret bancaire si schlecht.

Wann ee kuckt, wéi d’Bankeplaz Lëtzebuerg sech entwéckelt huet, da muss een einfach wëssen, et gouf eng Bankeplaz virum Secret bancaire, an et ass elo schonn eng Bankeplaz amgaange sech nom Secret bancaire opzebauen. Dat wëll net soen, datt mir de Secret bancaire sollen ofschafen. Mä dat wat mir gemaach hunn a wat mir maachen ass richteg, a wat mir maache vun neie Perspektiven ass nach méi richteg. Dat also zu der Ausriichtung.

Natierlech hu mir vill Debatten hei gehat fir déi politesch Recommandatiounë vum GAFI an Aklang ze brénge mat de juristesche Rechtsiwwerleeungen, déi zu engem Rechtsstaat gehéieren, wéi mir en net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä iwwerhaapt an Europa, virun allem an deene méi franséischsproochege Rechtssystemer kennen. Dat war net einfach. An d’Fro ass ëmmer gestallt ginn, woufir gitt dir esou séier esou wäit?

Woufir esou séier? Dat hunn ech virdru scho gesot, well mir vläicht an der Vergaangenheet ze laang gewaart hu fir verschidde Saachen ze maachen. A well mir elo gesot hunn, elo maache mir de grousse Worf, och fir dann no baussen ze weisen, mir maachen de grousse Worf, an dann net méi an déi Diskussiounen eranzekommen. Elo maache mir alles, wat de GAFI recommandéiert huet.

Natierlech war dat Sisyphusaarbecht, dat war Knachenaarbecht. De Luc Frieden an ech hunn décidéiert, dat war scho virum GAFI-Rapport, mir waarden dee Rapport of, et huet elo kee Wäert hei ze piddelen, mä duerno setze mir eis zesummen a maachen dat. Dat war ganz vill Aarbecht, dat war och fir all, net nëmme fir déi 2 Ministèren, d’Justiz an d’Finanzen, vill Aarbecht. Hir Mataarbechter, do hu vill Leit owes net ëmmer geschlof. Dat war och fir all déi Verwaltunge vill Aarbecht, dat war fir Iech schlussendlech vill Aarbecht, dat war fir de Staatsrot vill Aarbecht.

Et ass natierlech ganz kloer, wann een dee GAFI liest, dat si politesch Recommandatiounen, a fir déi juristesch esou ëmzesetzen, datt se klappen, dat war net ëmmer einfach. Mir hunn och séier geschafft, vläicht ze séier geschafft, mir hunn och versicht oft einfach aus captatio benevolentiae vill Copy-Paste ze maachen, mat deem wat am GAFI stoung.

An datt natierlech herno 18 Oppositions formelles koumen – ech hunn ëmmer an der Press gelies, 4, 5, een ass bis op 8 komm – déi waren all juristesch berechtegt. A mir hunn eis vill Méi gi fir deene Rechnung ze droen, am Juristeschen, ouni awer ze renoncéieren op dat wat de GAFI gär vun eis gehat hätt.

Do soen ech, wa mir dat fäerdeg bruecht hunn, Enn Juli, August hu mir geschafft, September hu mir geschafft bis elo, mat den Avisë vum Staatsrot ass dat awer schonn eng formidabel Aarbecht, datt mir haut en Text hunn, mat kenger Opposition formelle méi, wou mir awer der Meenung sinn, datt mir deem Rechnung droen wat de GAFI seet.

Da muss ech dann nach eppes soen, wat d’Droits de la défense ubelaangt. Dat ass e Sujet, dee mir immens um Häerz läit.

Et muss een awer hei wëssen, wann ee vu Geldwäsch schwätzt, hei treffe mir net déi Kleng, hei treffe mir net d’Mëttelschicht. Wa mir hei vläicht an eisem urspréngleche Projet ze wäit iwwer d’Zil, juristesch gesinn, erausgeschoss sinn, muss ech awer soen, datt domat net de klenge lëtzebuerger Beamten oder Aarbechter gemënzt war. An och dat ass eppes wat mir besonnesch um Häerz läit, an enger ganzer Partie Leit an der Commission juridique och.

Mir hu jo schonn oft genuch an dësem Haus geschwat iwwer d’Disproportioun vum Strofrecht zu Lëtzebuerg. Ech muss awer soen, datt et, wann e Camionschauffer mat engem iwwerluedene Camion fiert, datt deen a säi Patron méi riskéiert, wéi bis ewell awer ganz oft Leit déi mat de Sue Sauereie gemaach hunn.

Och dat musse mir awer hunn, datt wa mir elo hei effektiv méi streng virginn, datt mir net géint déi Kleng virginn, mä datt mir wierklech wëlle géint déi virgoen déi effektiv Geldwäscherei maachen. Datt mir natierlech ëmmer mussen d’Droits de la défense verdeedegen, jo, mä d’Droits de la défense mussen och ëmmer proportionell gesi ginn, et geet net drëm hei fir Geldwäscher oder fir Terroristen ze schützen.

Deen Text dee mir elo hunn – vun deem ech haut scho soen, datt mir wäerten an deenen nächste 6 Méint Plaze fanne wou Ongereimtheeten dra sinn, ech soen dat, ech huelen dat och gären op meng Kap, well mir séier geschafft hunn – mengen ech awer, datt dee schonn e gudden Equiliber mécht tëscht dem Bekämpfe vu Kriminalitéit, an awer dem Verdeedege vum Droit de la défense.

An ech kommen dann och op d’Mini-Instruction zréck. D’Mini-Instruction ass en Nieweschauplaz, de Conseil de l’ordre huet doraus en Haaptschauplaz gemaach. De Rapporter huet selwer gesot, wat fir eng dräi Korrektivë mir zesumme gemaach hunn.

Een ass fir mech besonnesch wichteg, ee Korrektif vun deenen 3, déi de Rapporter gesot huet, nämlech een, deen ech souwisou wollt Iech hei virstellen, nämlech, datt an Zukunft, net nëmmen an der Mini-Instruction – mir wäerte mat deenen Texter kommen an deenen nächste Méint – datt iwwerhaapt an der Instruktioun deen, deen inculpéiert gëtt, deen iwwerhaapt an eng Enquête erakënnt, datt deen d’Recht huet, vun Ufank un, bei den Hearingen, bei den Enquêten op säin Affekot zréckzegräifen.

Dat hu mir elo hei bei der Mini-Instruction virgezunn, an dat ass eppes wat ech schonn am Plenum gesot hunn, wat mir souwisou wëlle maachen, mir mussen och d’Droits de la défense zu Lëtzebuerg insgesamt augmentéieren. Dofir sinn ech engersäits frou, datt mir et hei virgräifen, op där anerer Säit hätt ech léiwer gehat, mir hätten et insgesamt gemaach. Fir elo just ze soen, mir maachen d’Droits de la défense méi staark bei der Mini-Instruction, do wou et eventuell ëm Geldwäscherei geet, dat stéiert mech e bëssen, mä ech weess, datt mir all der Meenung sinn, datt mir insgesamt sollen d’Droits de la défense an den Zougank zum Affekot verstäerken.

Mir wäerte mat deenen Texter an deenen nächste Méint kommen, well och déi wichteg si fir eise Rechtssystem ze wahren.

Da wëll ech dann awer elo, ier ech soe wéi et weidergeet, eng ganz Partie Mercië lassginn.

Ee Merci geet un de Finanzminister, de Luc Frieden, well mir waren hei allen zwee befaasst, a mir hunn eis d’Aarbechtsmethod opgedeelt, an ech war dann als Justizminister éischter zoustänneg fir den interne Volet, fir mat Iech zesummen alleguer déi Texter ze maachen, während de Luc Frieden awer mat enger magistraler, diplomatescher Aart a Weis versicht huet och dobaussen d‘captatio benevolentiae vum GAFI ze kréien.

Well dat muss ee wëssen, dat sinn eenzel Leit, déi vu Länner kommen, do gëtt et keen Traité, do gëtt et kee Mandat, an de Luc Frieden huet an deene leschten Deeg ganz vill säin internationale Poids spille gelooss fir d’Leit z’iwwerzeegen, datt mir hei net Arrière-garde maachen, mä datt mir Avantgarde spillen, an datt mir proaktiv virginn.

E Merci un all déi Beamte vum Justizministère, vum Finanzministère, vum Parquet général, eng ganz Partie aner Verwaltungen. Et war net ëmmer einfach, och an der Kommunikatioun, mä ech muss soen et ass ee frou als Minister wann ee kann op Leit zréckgräifen déi ëmmer do sinn.

E Merci awer schlussendlech un all eenzelne Member vun der Commission juridique, well jiddweree vun Iech huet matgehollef dat heiten ze maachen. Wann ee wéi ech iwwer d'Halschent vu sengem Liewe Politik mécht, ass dat eppes wat gutt deet.

Wéi gi mir weider?

Zwou Saachen, dat éischt dat ass, wat mécht de GAFI d'nächst Woch?

Ech kann Iech, an et ass ugeklongen, net d'Garantie ginn, datt mir net op eng gro Lëscht kommen. Ech mengen zwar, datt mir gutt geschafft hunn. Ech ginn och all Vertrauen an déi Leit déi eis d'nächst Woch beim GAFI vertrieden, fir datt mir elo op d‘mannst Opstand kréien, datt déi Leit sech mat eiser Gesetzgebung ausernaner setzen, an datt mir da geschwënn total eraus sinn aus dem Colimateur, an datt mir da wierklech kënne weider fuere fir eist Land ze schaffen an och fir déi Bankeplaz op déi nei Zukunftsweeër ze setzen déi mir all am Kapp hunn.

D'Gesetz stëmmen ass eppes. Et muss och a Kraaft gesat ginn.

Ech sinn dofir frou, datt mir net, wéi ee Moment geplangt war, gesot hunn, et trëtt eréischt den 1. Januar a Kraaft, wat awer eng gewësse Logik hat, m, datt mir soen, et trëtt direkt no der Publikatioun a Kraaft. A mir wäerten och versichen, dat esou séier wéi méiglech weider ze dreiwen.

Mir brauchen d'Dispens vum Second vote a mir mussen deen anere Règlement grand-ducal verëffentlechen. Mä déi sinn all aviséiert vun den zoustännege Stellen, dat geet also och alles relativ zügeg.

Dann ass natierlech ganz kloer, datt mir och d'Acteuren um Terrain mussen informéieren. Do gëtt et eng Plattform wou mir mat hinnen zesumme schaffen. Ech wëll wierklech net op Detailer agoen, well notamment d'Rapporteren a verschidde Riedner ganz vill op Detailer agaange sinn.

Mä ech ginn Iech 2 Beispiller, déi awer fir d'Acteuren um Terrain wichteg sinn, fir d'Leit an de Banken, fir d'Affekoten, fir d'Notairen, fir d'Reviseuren, fir d'Expert-comptables.

Ee Beispill ass dat, wéini maachen ech eng DOS, eng Déclaration d'opération suspecte? Do verlaange mir elo méi wéi virdrun. Dofir ass et och wichteg, datt mir Instruktiounen eraus ginn, wat d'CSSF elo schonn amgaangen ass ze maachen, fir ze soen, mir ginn Iech d'Instruktiounen. Well déi Leit déi do sëtzen, an de Banken zum Beispill – ech huelen elo déi, mä déi aner och – déi si jo schlecht drun. Denoncéieren ech e Client, an denoncéieren ech en ze vill, dann hunn ech u sech mir a mengem Client, ma nach dem Client méi wéi mir, Schued gemaach. Denoncéieren ech en net, da sinn ech strofbar par rappport zum Gesetz.

An elo soe mir jo, datt sech strofbar maache par rapport zum Gesetz, wat Blanchiment ubelaangt, méi schwéierwiegend ass wéi de Secret professionnel ze waren. Dat heescht, et kommen do deontologesch Froen op déi Leit zou. An dofir musse mir och proaktiv als Regierung den noutwennege Stellen einfach Instruktioune ginn, datt déi Leit eng gewësse Rechtssécherheet hunn.

Dat zweet Beispill wat ech dozou wollt ginn, dat sinn déi Lëschte vun den Terroristen, déi d'UNO mécht, déi d'EU mécht. Do muss ee jo ganz séier deenen hir Suen afréieren. Och do sinn et scho Fäll ginn an der Vergaangenheet wou dann op eemol Suen agefruer goufe vun deem Engen deen awer keen Terrorist war. Well och do sëtzen da Leit – ech gesinn d'Madame Doerner hei viru mir setzen, ech weess, datt an der Chambre des notaires d’Diskussioun hat – déi do administrativ schaffen a gesot hunn, ech hunn heiansdo Schwieregkeeten déi Lëschten iwwerhaapt zesummen ze stellen. Ass een nach op der Lëscht, ass en net op der Lëscht?

Dofir ass ee wesentlecht Element vu Rechtssécherheet fir all d'Acteuren am Privé, ob se an de Banke sëtzen oder anerer sinn, datt elo iwwer den Internetsite vum Finanzministère déi Lëscht public gemaach gëtt. An datt een da kann déi Lëscht kucken a soen, dat si se an dat si se net.

Wann natierlech déi Lëscht falsch ass, huet de Staat d'Responsabilitéit ze droen. Dat ass eng Konsequenz dovun. Mä ech mengen, datt et wichteg ass mat dësem Gesetz, datt wa mir engersäits op d'Acteurë méi Aarbecht zoukomme loossen, méi Responsabilitéit zoukomme loossen, datt mir op där anerer Säit kucken och méi Rechtssécherheet ze kréien.

Dofir soll een net nëmme gesinn, datt hei d'Acteurë méi Aufgabe kréien, et soll een och kucken, datt mir mat deem Gesetz versichen hinnen hir Aufgab esou einfach wéi méiglech ze maachen.

Da sinn et nach zwou Motiounen.

Déi éischt ass déi, déi den Här Schiltz hei deponéiert huet, déi mir jo och an der zoustänneger Commission juridique diskutéiert hunn, fir ze soen, mir sollen e Rapport driwwer maachen.

Ech widderhuelen dat wat ech an der Commission juridique gesot hunn: absolut.

Mir sinn eis bewosst, datt mat där séierer Aarbecht déi mir gemaach hunn, mir awer kënne Feeler gemaach hunn. Dat ass einfach esou. Et ass kee Meeschterwierk, et ass eng Meeschterleeschtung. A wa mir elo soen, et ass kee Meeschterwierk, musse mir wëssen, datt mir vläicht eng Partie Saache mussen och nach virun der Summervakanz punktuell, faktesch, juristesch redresséieren.

Mir musse jo och elo kucke wat de GAFI seet. Vläicht seet de GAFI zu verschiddene Saachen och, hei hätt dir et kënnen aneschters maachen. Ech mengen, datt et dofir absolut richteg ass, datt mir e Bilan zéien.

Mir musse kucke wéi de Parquet, wéi d'Acteuren eens ginn. Mir mussen och op déi lauschteren. Dofir hu mir déi Plattformen an d'Liewe geruff wou mir déi verschidden Acteurë gesinn an héiere wat si vu Problemer hunn. An ech mengen, datt et richteg ass, datt mir eben esou séier wéi méiglech e Bilan hei zéien.

Wa mir missten eng Partie kleng Rectificatife maachen, da solle mir déi grad sou séier maache wéi mir et hei fäerdeg bruecht hunn dat Gesetz ze maachen.

Dat zu där éischter Motioun, déi ech also absolut kann unhuelen.

Zu der Motioun vum Här Hoffmann. Do hunn ech Problemer a folgendem Sënn. Nämlech deen, datt ech muss soen, ech hat ëmmer e Problem mat dem Adage nul n'est censé ignorer la loi. Da soen ech: nul député n'est censé d'ignorer la loi. Mir hunn nämlech ganz kloer Gesetzer hei zu Lëtzebuerg. An déi sinn nach ëmmer hei wichteg.

Dofir regrettéieren ech och e bëssen, datt den Här Hoffmann net konnt, nodeem e gëschter eng Reunioun vun der Commission juridique provozéiert huet, de Moien dobäi sinn, well mir de Procureur général do haten. Ech konnt gëschter net hei sinn, well ech Europäesche Ministeschrot hat, soss wier ech selbstverständlech gëschter selwer hei gewiescht. Ech hunn also nëmme kënnen dat soe wat ech gelies hunn an den Zeitungen an op dat hunn ech mech elo baséiert.

Mir hu ganz kloer gesetzlech Bestëmmungen an déi sinn nach ëmmer déi wichtegst. An déi gesetzlech Bestëmmungen an déi Praxis déi mir hunn, an dofir hu mir dat och de Moie mam Procureur général beliicht, déi soen am Gesetz an an der Praxis, datt mir selbstverständlech kee je ausliwweren, iergendengem, wou e riskéiert d'Doudesstrof ze kréien.

Där Fäll hate mir. Well et gi jo Länner, wat demokratesch Länner sinn, déi awer d'Doudesstrof hunn. Mir haten eng ganz Partie Diskussioune mat der Belsch. Déi hate bis 1996 d'Doudesstrof, wou mir mat deenen negociéiert hunn a gesot hunn, nëmme wann dir eis garantéiert, datt deen do net riskéiert d'Doudesstrof exekutéiert ze kréien – prononcéiert, dat wier eng Saach vun de Geriichter, ma exekutéiert ass eng Saach vum Exekutiv.

Mir haten där Diskussioune mat der Tierkei, mir haten där Diskussioune mat Amerika a mir wäerten dat och an Zukunft behalen. Mir hunn eng Mënscherechtspolitik hei zu Lëtzebuerg als Regierung. An net nëmmen dës Regierung huet eng Mënscherechtspolitik, och déi Regierung virdrun hat eng Mënscherechtspolitik. Déi jeeweileg Ausseministeren déi mir haten – a wéi gesot, ech widderhuelen nach eng Kéier, datt ech 28 Joer Politik maachen – haten ëmmer déi dote Mënscherechtspolitik. An dofir sinn ech e bësselchen hei verwonnert, datt mir hei eng Debatt lass léisen déi iwwerhaapt net néideg huet do ze sinn.

Et ass ganz kloer, datt mir keen iergendwéi ausliwweren, iergendengem wou e riskéiert der Doudesstrof z'ënnerleien. Dat war an der Vergaangenheet esou, dat bleift an der Zukunft esou.

Wat déi Conventioun ubelaangt, déi Convention maritime, déi huet jo iwwerhaapt näischt mat Somalia ze dinn. Déi ass komm deemools op Grond vun der Affaire Achille Lauro.

Mir hunn déi deemools net ënnerschriwwen, well mir effektiv déi Zäit nach kee Pavillon maritime haten. Mir haten nach keng Flott. Et ass e bësse schued, soen ech dann och als Regierungsmember an ech soe mea culpa bei mir och, datt mir effektiv bis elo gewaart hunn, datt de GAFI eis gesot huet, och dat musst dir ratifizéieren, datt mir se net ratifizéiert hunn, well et kann een net einfach e Pavillon maritime maachen an eng Partie Conventiounen déi awer wichteg sinn net exekutéieren.

An där Conventioun ass keen eenzege Problem vu Mënschrecht do, esou wéi eis Sachlaag hei zu Lëtzebuerg ass, well mir awer en Ordre public hunn an deen Ordre public, wann ee sech e bësselchen am Droit international public auskennt weess een, datt deen iwwer all aneren Interpretatioune ka stoen, ass keng Gefor, datt mir géifen een iergendwéi ausliwweren u Länner, wann en do an deem Land géif perséinlech konkret riskéieren d'Doudesstrof ze kréien, respektiv och torturéiert ze ginn. Och dat gehéiert zu eisem Recht.

Dann huet den Här Hoffmann gefrot, en hätt gären d'Signatairë vun der Conventioun. Déi Lëscht ass eis de Moien an der Commission juridique ausgedeelt ginn. Ech iwwerreechen nach eng Kéier Ärem President se, fir datt mir déi dote Lëscht dann och hunn, esou datt ech géif soen, datt d'Regierung déi dote Motioun net brauch ze akzeptéieren, well se einfach total iwwerflësseg ass.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour